Eist éischt Duerffest

Publié le : 04-07-2019

Mir freeën eis Iech dësen Donneschden, den 11. Juli, vun 10 bis 17 Auer op d‘Place d'Armes ze invitéiere fir zesumme mat Famill a Frënn eist éischt Duerffest am Kader vum 45. Gebuertsdag vu SOS Villages d’Enfants Monde ze feieren!
 
E puer Deeg virun der Summervakanz presentéiert sech d'Place d'Armes an de Faarwe vun eiser Associatioun. Mat SOS Ballonen dekoréiert, freeë mir eis ob eng flott Atmosphär mat Spaass an Informatiounen!
 
Sensibiliséierungs Atelieren erméiglechen et Kanner a Jugendleche vun all Alter d’Kannerrechter an d’Agenda 2030 ze entdecken. Solidaritéit an Entdecke stinn um Programm ! Déi, déi wëlle kënne bei eisem Molconcours ronderëm d’Kannerrechter matmaachen. De Gewënner hier Zeechnunge ginn an eise sozialen Netzwierker publizéiert an an Zesummenaarbecht mam300x250_IMU_sos45ans_V2.gif Jacques Schneider, op T-Shirts gedréckt, déi anschliessend verkaf ginn.
 
Facepainting a Musek stinn natierlech och um Programm vun dësem "Duerffest". D‘Chorale vun der Ecole Sainte-Anne vun Ettelbréck wäert ab Mëtteg ob der Bühn sinn a mat hiren talentéierte Sängerinne fir Spaass an Atmosphär suergen.
 
Natierlech wier et kaum e richtegt Duerffest ouni Snacks a Erfrëschungen, hei ziele mir ob d’Ënnerstëtzung vu Pizza Hut an Exki, déi 50% vum Erléis un eis Associatioun spenden.
 
Et wäert och de Moment si fir d‘Miss Luxembourg 2019 kennen ze léieren, déi ab 14h ob eise Stänn wäert hëllefen.
 
Schlussendlech och nach e grousse Merci un d' l’Imprimerie Centrale, , de Sponsor vun eisem Fest. Ouni hier Ënnerstëtzung wär d’Organisatioun net machbar gewiescht.
 
Kommt all, a setzt zesumme mat eis en Zeeche fir de Respekt vun de Kannerrechter!


FB_IMG_1535956063349_clear.jpg